Daucht an d’Geschicht vum Kanton Réiden an, mat enger eenzegaarteger Kollektioun vun historesche Fotoen. Entdeckt se virtuell oder dobaussen op der Plaz a léiert, wéi eis Dierfer an eis Gesellschaft sech am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn.

Interaktiv Kaart

Dës interaktiv Kaart wäert och geschwënn all d'Tier an all historesch wichteg Plazen aus dem Kanton Réiden enthalen.

Ekipéiert Iech fir Är Trëppel - a Vëlostier mat der Zäitrees-Kaart!

Disponibel am TouristInfo Wëlle Westen (Präis: 5€).
1, am Millenhaff L-8706 Useldange (+352) 28 33 45 info@visitwellewesten.lu