Schankegréicht, Dezember 1944
E Moment a Plaz, wou d’Ardennenoffensiv gestoppt gouf
Nodeems déi däitsch Wehrmacht d‘Ardennen an aller Fréi de 16. Dezember 1944 iwwerraschend ugegraff hat, huet e puer Deeg drop hei op dëser Plaz, „Schankegréicht“ genannt, eng entscheedend Schluecht stattfonnt.
Wéi déi däitsch Truppe vun der 352. Volksgrenadier-Divisioun (915. Grenadier-Regiment) op d’US-Truppen vum 104. Infanterieregiment vun der 26. US-Infanteriedivisioun, bekannt als „Yankee Division“, gestouss sinn, koum et op dëser Plaz zu engem seelener Begéinung.
Freideg, den 22. Dezember 1944
Eng brutal an hefteg Schluecht huet ugefaangen, wéi dem Patton seng Truppen fréi moies ukoumen. Och wann d’GI’s doutmidd waren, hu si de Kontakt mam Géigner gesicht. Späher vun der 26. Opklärungstrupp goufen als éischt op d’Proz-Groussbuser Strooss geschéckt. Si hu sech virsiichteg dem Gebitt vun der „Schankegréicht“ rapprochéiert, wou däitsch Zaldoten op béide Säite vun der Strooss an hiren agebuddelte Lächer am Bësch gelauert hunn. Direkt wéi si déi amerikanesch Späher erbléckt hunn, hu si ugefaang mat schéissen.
Wéi d’Kämpf eskaléiert sinn, goufen op béide Säite Panzer a Positioun bruecht, an déi zwou Säiten hu sech mat ganzer Kraaft ugegraff. Et huet permanent geschneit. E puer däitsch Zaldoten hunn hir Tarnjacketten ausgedoen an zur gefidderter Säit ëmgedréit, fir an der wäisser Landschaft onbemierkt ze bleiwen. Zu dësem Zäitpunkt haten déi amerikanesch Zaldoten nach keng Wanterausrüstung. D’US-Zaldoten, déi ugegraff goufen, hu sech séier zréckgezunn an den Tëschefall un de Kommandopost gemellt, deen mëttlerweil zu Biebereg opgeriicht war. Déi Däitsch hunn net gewaart, datt hir Géigner zeréck kéimen, mee si hunn ungefaang Proz a Biebereg unzegraifen. E puer mëttelgrouss Panzer sinn op déi éischt Haiser zu Proz zoukomm, gefollegt vun däitschen Infanteriezaldoten.
Géint 11:15 Auer hunn däitsch Kugelen déi éischt Haiser vu Proz getraff. Dobäi sinn dräi GI’s am Haus Mangen ëmkomm. Zwee weider US-Zaldote si bei enger klenger Steebréck, déi zu Proz iwwer d’„Bëschruederbaach“ féiert, déitlech getraff ginn. Déi amerikanesch Truppen hunn d’Haiser an der Haaptstrooss vu Proz evakuéiert, während de Géigner weider op d’Strooss an ugrenzend Gebaier geschoss huet. Déi däitsch Zaldoten hate sech an de Bëscher lénks vun der Strooss op Groussbus an am sougenannten „Hintjebësch“ agegruewen, net wäit ewech vu Proz. D’GI’s hunn erkannt, datt méi Feierkraaft néideg wier, a si hunn hir Artillerie a Positioun bruecht.
D’Awunner vu Proz konnten elo kloer héieren, wéi d’Artillerie- an d’Infanteriefeier géint 15:00 Auer ëmmer méi hefteg gouf. Den US-Kommandopost war am Paschtoueschhaus etabléiert. Déi zréckbliwwe Bierger goufen opgefuedert, an hire Kellere Schutz opzesichen, während déi däitsch Zaldote probéiert hunn, op Biebereg a Platen virzerécken. Jeepe mat Buete sinn hin an hier gerannt. Telefonsgespréicher hunn onënnerbrach iwwer d’Telefonsleitunge stattfonnt, déi am Paschtoueschhaus zesummegelaf sinn. D’GI’s hunn sech op den éischte Stäck vun den Haiser vu Biebereg verschanzt. Véier Panzer hu sech a Positioun gestallt fir op eng Schräinerei ze schéissen. Déi éischt Blesséiert, dorënner och däitsch Zaldoten, goufen an Jeepe bruecht.
Kuerz drop hu sech déi däitsch Ugräifer zréckgezunn. Den amerikaneschen Eenheete war et gelongen, zwee däitsch Panzer ze zerstéieren an eng däitsch Haubitz, souwéi e puer Maschinnegewiersnäschter, ze eliminéieren. Déi amerikanesch Panzer sinn dunn op Rëmmereg gefuer, vun wou aus si op d’Proz-Groussbuser Strooss geschoss hunn, wou däitsch Zaldoten am „Hintjebësch“ agegruewen waren. Den däitschen Ugrëff war iwwerwonnen.
Samschdeg, den 23. Dezember 1944
Wéi den Dag lues a lues ugaangen ass, hunn déi däitsch Zaldoten hir Doudeg aus dem Schnei gebuddelt an nieft der Strooss begruewen. E puer Kéip Biedem weisen op dës Griewer hin.
Um 15:15 Auer ass eng nei Artillerieattack op déi däitsch Zaldoten am „Hintjebësch“ lancéiert ginn. Déi amerikanesch Artillerie huet Doud an Zerstéierung an de Bësch bruecht. Schon no enger halwer Stonn huet déi massiv Attack eng Paus ageluecht, an een GI ass erausgeschéckt gi fir d’Gebitt ze erkunden. Esoubal hie seng Positioun verlooss hat, gouf e vun enger däitscher Kugel getraff. Eng weider märderesch Artillerieattack huet kuerz drop ugefaang.
D’Beem si vun de Granatsplittere zerspléckt ginn, Schrapnell, Steng an Äerdklompen sinn duerch d’Loft geflunn. Wéi d’GI’s schlussendlech d’Gefill haten, datt keen däitschen Zaldot méi am Bësch iwwerlieft hätt, huet sech hinnen e schrecklecht Bild vun Zerstéierung an Doud offenbart. Nëmme 14 däitsch Grenadiere hunn d’Artillerieattack iwwerlieft a goufen gefaange geholl. Déi aner ware entweder dout oder haten et fäerdeg bruecht, sech zréckzezéien.
Dës hefteg Schluecht huet bewisen, wéi wichteg déi südlech Entrée an de Warkdall fir béid Géigener war. Den 23. Dezember 1944 war dësen Dall rëm fräi fir dem Patton seng Truppen aus dem Süden, wärend dës Schluecht an der Schankegréicht Deel vun der däitscher Wanteroffensiv vun 1944/1945 gouf, déi spéider als Ardennenoffensiv an d’Geschicht agaangen ass.
Geschriwwe vum Erny T. Kohn – Cercle d’Études sur la Bataille des Ardennes (CEBA)
Quellen a Bibliographie:
- Pratzertal und Pratzertaler in zwei Weltkriegen 1914-1918 1939 -1945, Emile Schaus
- Schankegréicht 1994 - Hommage de la population du canton de Rédange à ses libérateurs de 1944
- The Ardennes - Battle of the Bulge, Hugh Cole
- Das Ösling im Krieg, Fritz Rasqué
- Luxemburg in der Ardennenoffensive, Prof. Joseph Maertz
- Luxemburg Befreiung und Ardennenoffensive 1944-1945, E.T. Melchers
- Schicksale zwischen Sauer und Our - Band I aus deutscher Sicht, Roland Gaul
- Die Ardennenschlacht 1944-1945 in Luxemburg, Jean Milmeister