Panno

Schankegriecht Dezember 1944

Nom iwwerraschenden Ugrëff vun der Wehrmacht de 16. Dezember 1944 op d‘Ardennen huet hei an der „Schankegriecht“ den 22. Dezember eng entscheedend Schluecht tëscht den däitschen an den amerikaneschen Truppe stattfonnt. Fréi moies sinn dem Generol George S. Patton seng Truppen op däitsch Zaldote getraff, déi sech a Schützegriew an de Bëscher laanscht dëser Strooss verschanzt haten. Bei staarkem Schnéifall hu béid Säiten erbattert gekämpft. Nodeem d'Amerikaner sech kuerz zréckgezunn haten, hunn däitsch Kugelen déi éischt Haiser vu Proz getraff, woubäi dräi GIs déidlech blesséiert goufen. Déi amerikanesch Truppen hunn hir Artillerie séier a Stellung bruecht, an et koum zu intensive Gefechter, bis déi däitsch Ugräifer sech no grousse Verloschter zréckgezunn hunn. Den 23. Dezember hunn d'Amerikaner nach eng leschte Kéier déi an de Bëscher verschanzten däitsch Stellunge beschoss, wou si kuerz duerno nëmmen nach op circa 14 Iwwerliewender gestouss sinn. Op der grousser Foto gesäit een e puer vun den däitsche Krichsgefaangenen, déi virdrun hei an der Géigend gekämpft hunn. Elo war de südlechen Zougang fir an de Waarkdall fräi fir dem Patton seng Truppen, déi doropshin direkt hiren Ugrëff a Richtung Norden (Eschduerf) fortgesat hunn.

US Signal Corps [94.1]
[94.2]