D'Ardennenoffensiv zu Lëtzebuerg
Kuerz virum 16. Dezember 1944 sinn eng Rëtsch Rumeuren an der Géigend vun der Lëtzebuerger Ostgrenz opkomm, déi op eng méiglech däitsch Géigenoffensiv higewisen hunn. Déi wéineg amerikanesch Zaldoten, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren, hu sech awer guer net nervös gewisen a si wéi gewinnt ganz entspaant hiren alldeeglechen Aufgaben nogaangen. Dowéinst hunn déi meeschte Leit ugeholl, datt dës Rumeuren erfonnt wieren.
An de fréie Moiesstonne vum 16. Dezember 1944, hunn awer op eemol d’Donnere vun der Artillerie, d’Explosioune vu Granaten an d’Knattere vu Maschinnegewierer eppes komplett Onerwaartes ugekënnegt. Eng plëtzlech an eendeiteg Oprou bei den Amerikaner huet kee Raum fir Zweiwel gelooss: eng däitsch Géigenoffensiv war am Gaang.
Keen hätt sech kënne virstellen, datt déi däitsch Arméi nach eemol esou eng mächteg Offensiv kéint op d’Bee stellen, weeder d’Zivilbevëlkerung, nach déi amerikanesch Zaldoten oder hir Kommandanten. Chrëschtdag stoung virun der Dier, an déi éischt Gedanken un en Enn vum Krich houngen an der Loft. Mee den Adolf Hitler, deen nom Attentatsversuch op seng Persoun komplett de Kontakt mat der Realitéit verluer hat, war iwwerzeegt, datt hien nees d’Muecht am Westen kéint zréck ergräifen. Hien hat schonn am September 1944 de Feldmarschall Wilhelm Keitel an de Generoloberst Alfred Jodl iwwer seng Iddien informéiert.
Dem Hitler säin utopesche Plang, hat souwuel strategesch wéi och politesch Ziler. Seng Truppe sollten den Hafe vun Antwerpen erueweren an ënner Kontroll bréngen. Dobäi sollte seng Arméien déi brittesch Truppen an d’Mier drängen, fir datt hie mat den Amerikaner e separate Friddensvertrag kéint aushandelen. Duerno, esou seng Fantasie, géing hie seng Truppen am Westen zréckzéien, fir se géint d’Russen am Osten anzesetzen.
Aus ville Grënn hätten dem Hitler seng bescht Generolen a Strateegen ni esou eng Offensiv ugefaang. Politesch stoung dat Drëtt Räich dee Moment ganz aleng do. De fréiere Verbündeten Italien an d’Achse-Muechte ware geschloen. Japan hat Däitschland souguer héiflech geroden, Friddensverhandlunge mat de Russen unzefänken. Nodréiglech ass et kloer, dass esou e Plang nëmme vun enger Persoun konnt kommen, déi endgülteg hire gesonde Mënscheverstand verluer huet, an der Illusioun verfall war, datt déi däitsch Truppen nach an der Positioun wieren, fir esou en Ugrëff auszeféieren.
Trotzdeem war den Iwwerraschungsugrëff an den Ardennen Ufanks gelongen. Déi amerikanesch Stëtzpunkte goufen iwwerwältegt, en heftegen amerikanesche Widderstand gouf ëmgaangen an dono vun der noréckender Wehrmacht zerstéiert. De bedeckten Himmel huet déi alliéiert Loftwaff um Buedem forcéiert ze bleiwen.
Déi däitsch Truppen hunn et esou fäerdeg bruecht, e gewaltege Käil an d’amerikanesch Verdeedegungslinnen eran ze drécken. Mee déi amerikanesch Zaldoten, zueleméisseg iwwerleeën op ville Plazen, hunn duergehalen, an den däitschen Avancement ëmmer méi ausgebremst, bis e schlussendlech gestoppt gouf.
Den 22. Dezember 1944 huet de Generol George S. Patton Jr. mat senger 3. US-Arméi eng Géigenattack lancéiert. Dofir huet hien, nieft der 4. US-Panzerdivisioun, och déi 26. an 80. Infanteriedivisiounen agesat. Mat voller Kraaft ass hien an de Käil vum däitschen Ugrëff vun der 7. däitscher Arméi agedrong. Aus där Ursaach, goufen dat 104. Infanterieregiment an déi attachéiert Unitéite vun der 26. „Yankee-Divisioun“ an der Géigend vu Biebereg, Proz, Groussbus a Bëschrued agesat, fir d’Géigend vum däitsche Feind ze befreien.
Eréischt Enn Januar 1945 goufen déi däitsch Truppen op hir Ausgangspositiounen zréckgedréckt, vun deenen si de 16. Dezember 1944 ugegraff haten. Mee déi däitsch Wehrmacht-Truppen hunn nach weider de Lëtzebuerger Territoire besat. Eréischt mat der Befreiung vu Veianen am Februar 1945 huet déi nazidäitsch Besatzung zu Lëtzebuerg endgülteg opgehalen.
Déi schwéier Verloschter un Zaldoten, Panzer, Fligeren a Bensin hunn den Zesummebroch vum sougenannte „Däitsche Räich“ bedeitend beschleunegt. Nodeems d’Offensiv zesummegebrach ass, hat déi däitsch Arméi endgülteg hir Fäegkeet verluer, grouss Operatiounen un der Westfront duerchzeféieren. Dräi Méint méi spéit war den Zweete Weltkrich eriwwer.
De Bilan vun de Verloschter
Wéi däitsch Eenheeten déi amerikanesch Linnen an den Ardennen am Norde vu Lëtzebuerg an am Oste vun der Belsch, de 16. Dezember 1944 ugegraff hunn, war dat de Startschoss fir eng Schluecht, déi als eng vun de bluddegste vum Zweete Weltkrich an d’Geschicht sollt agoen. D’Schluecht, bei där Dausende vun amerikaneschen an däitschen Zaldoten hiert Liewe verluer hunn, huet sech ënner den onmënschleche Konditioune vun engem vun de strengste Wanteren an der Geschicht ofgespillt.
Am Januar 1945 louch e groussen Deel vum Éislek duerch déi hefteg Kämpf a Ruinen, an vill Bierger sinn entweder dobaussen oder an den Iwwerreschter vun hiren Haiser ëm d'Liewe komm.
D’Ardennenoffensiv war déi deierst Schluecht, déi d’US-Arméi jee gefouert huet: 10.733 amerikanesch Zaldote sinn ëmkomm, an 42.316 goufe blesséiert. Op däitscher Säit goufen 12.652 Doudeg gezielt, an 38.600 goufe blesséiert. Wärend der Ardennenoffensiv sinn och ronn 500 Zivilisten am Grand-Duché ëm d’Liewe komm.
Verfaasst vum Erny T. Kohn – Cercle d’Études sur la Bataille des Ardennes (CEBA)
Quellen a Bibliographie:
- The Ardennes - Battle of the Bulge, Hugh Cole
- Luxemburg in der Ardennenoffensive, Prof. Joseph Maertz
- Die Ardennenschlacht 1944-1945 in Luxemburg, Jean Milmeister